Frequently asked questions

Ween kann seng Events androen ?

agenda24 ass op fir jiddereen ; et kënnen esouwuel Privatléit wéi och Organisatiounen, Institutiounen, Sociétéiten, Clibb, Gemengen etc. Events androen.

Waat fir Events kann een androen ?

Et kann all Zort vun Event angedroe ginn, et musse just 2 Bedengungen erfëllt sinn

  • d’Event muss public sinn,
  • d’Event muss an der Groussregioun stattfannen.

Wat kascht mech d’Notze vun agenda24 ?

D’Androe vun Events ass gratis.

Wou gëtt méin Event kommunizéiert ?

D’Events gin vun eisen Mediepartner public kommunizéiert :

Am Internet
Um Radio
Op der Tëlee

Ginn d’Donnéeë kontrolléiert ?

Jo, all Event muss vun engem agenda24-Matarbeschter validéiert ginn, ier et un eis Mediepartner weidergeleet gëtt.

Wei laang dauert et bis méin Event kommunizéiert gëtt ?

De Validatiounsprozess dauert an der Regel 24 Stonnen. Eis Mediepartner maachen hier mises-jour’en all 24 Stonnen, esou dat et bis zu 48 Stonnen dauere kann, bis Detailer vum Event bei de Mediepartner ass. Wéini genau et diffuséiert gëtt, leit an der Hand vum jeeweilege Partner.

Wei kann ech méin Event veränneren oder läschen ?

Wann Dier Detailer vun Ärem Event wëllt änneren oder ganz läschen, dann

  1. falls Dier kee Organisateur-Login hutt :
    Notzt de Kontaktformular, wielt ‘En Event änneren’ beim Sujet aus a git beim Message genau un, wat ze verännere bzw. ze läsche as.
  2. falls dir en Organisteur-Login hudd :
    Wann Dier Iech anloggt, dakënnt Dir Är Events selwer veränneren oder läschen. All Modifikatioun um Event gëtt op e néits vun engem agenda24-Matarbeschter validéiert.

Woufir brauch ech e Login ?

E Login braucht Dir just an dem Fall, wou Dir regelméisseg Events bei agenda24 androt. De Login erlaabt Iech fir Är Events selwer ze verwalten, ze veränneren oder ze läschen.

Wei kann ech Donnéeë vun agenda24 benotzen ?

Falls Dir d’agenda24- Datebank selwer wëllt notzen, da kontaktéiert eis w.e.g. iwwert dee Kontaktformular.